Jump to content

Reenert/07: Difference between revisions

From Wikisource
Content deleted Content added
Mizardellorsa (talk | contribs)
No edit summary
GilPe (talk | contribs)
nei Ortho

(4 intermediate revisions by the same user not shown)
Line 1: Line 1:
{{header
{{header
| title = [[Renert]]
| title = [[Reenert]]
| author = Michel Rodange
| author = Michel Rodange | author-display = Michel Rodange (1827-1876)
| translator =
| translator =
| section =
| section =
| contributor=
| contributor=
| previous = [[Renert/6]]
| previous = [[Reenert/06|Sechste Gesank]]
| next = [[Renert/8]]
| next = [[Reenert/08|Aachte Gesank]]
| portal =
| portal =
| year = 1872
| year = 1872
| notes =
| notes = ''Text an der aktueller Orthografie (2019)''
| categories = Lëtzebuergesch
| categories = Reenert

{{poem-on|Siwente Gesank}}

<poem>

{{pline|1|l}}De Léiw louss d’Déier ruffen,
{{poem-on|Siwente Gesank.}}
Di grouss als wéi di kleng;
<poem>De Léiw louss d'Déier ruffen,
Se koumen all mat Heefen
Déi grouss als wéi déi kleng;
Se koumen all mat Hefen
A keemol eent eleng.
A keemol eent eleng.

{{pline|5|l}}Zur Fiels am Ärenzdällchen

Zur Fiels am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
War hauer och e Fest,
Duer koumen d'Musikanten
Duer koumen d’Musikanten
An d'Sänger all déi best.
An d’Sänger all di best.

{{pline|9|l}}Vu Lëtzebreg, vun Dikrech,

Vu Wolz an Iechternach,
Vu Lëtzebreg vun Dickrech,
Vu Wolz an Iechtemach,
Vu Réimech, Gréiwemaacher,
Vu Réimech, Gréiwemaacher,
Vu Miersch an Esch am Lach;
Vu Miersch an Esch am Lach.

{{pline|13|l}}Vu Béibreg och, vu Veianen,

An déi vun Ettelbréck;
Vu Béibreg och, vu Veinen,
Jee, wann ech s’all sollt nennen,
An déi vun Ettelbréck:
Je, wann ech s'all sollt nennen,
Da géif mäi Buch ze déck.
Da géif mäi Buch ze déck.

{{pline|17|l}}An d’Baure vun dem Ëmkrees,

An d'Baure vun dem Ëmkreez,
Se koumen all zu Haf,
Se koumen all zu Haf,
An eng di gunge séier,
An eng, di gunge séier,
Di aner si gelaf.
Di aner si gelaf.

{{pline|21|l}}Do war eng Meng vu Ledden,

Do war eng Meng vu Leiden,
Et koum ee kaum derduerch.
Et koum ee kaum derduerch.
An 't gouf gespillt, gesongen,
An ’t gouf gespillt, gesongen
Um Maart an op der Buerg.
Um Maart an op der Buerg.

{{pline|25|l}}An owens gouf en Iessen,

An owens gouf en Iessen,
Schéin Drénkspréch héiert een,
Schéin Drénkspréch héiert een,
A munche war zum lesten
A munche war zum Lesten
Net sécher op de Been.
Net sécher op de Been.

{{pline|29|l}}Vill dausend faarweg Lampen

Vill dausend faarweg Lampen
Hunn op der Buerg gebrannt,
Hunn op der Buerg gebrannt,
Drop gouf e Fredefeier,
Drop gouf e Freedefeier,
Näischt schéiner ass bekannt.
Näischt schéiner ass bekannt.

{{pline|33|l}}Sou koumen hei och d’Déier

Fir d’Fest erbei zum Léiw
Sou koumen hei och d'Déier
An ’t wier och net geroden,
Fir d'Fest erbei zum Léiw:
An 't wir och net geroden,
Wann eent net komme géif.
Wann eent net komme géif.

{{pline|37|l}}Se koumen op de Fliichten,

Se koumen op de Fliichten,
An ’t koumen der zu Fouss,
An 't koumen der zu Fouss;
An déi net konnte kommen,
An déi net konnte kommen,
Déi schéckten hire Grouss.
Déi schéckten hire Grouss.

{{pline|41|l}}’t gesouch een d’Réi an d’Hierschen,

D’Wëllschwäin an d’Rär an d’Schnepp,
'T gesouch een d'Réi an d'Hirschen,
An d’Päerd an d’Schof an d’Ranner,
D'Wëllschwäin an d'Rär an d'Schnepp
An d’Gäns mat groussen Träpp.
An d'Päerd an d'Schof an d'Ranner

{{pline|45|l}}Den Atter, d’Fëss an d’Wisel,
An d'Gäns mat groussen Träpp.
An d’Däreldéier och;

Den Atter, d'Fëss an d'Wisel,
Den Hierz, dee koum gefluën,
An d'Däreldéier och;
Den Hiirz dee koum gefluen,
De Goldschmadd koum gekroch.
De Goldschmadd koum gekroch.

{{pline|49|l}}Zum Éischte gouf en Iessen

Zum éischte gouf en Iessen
Vun allerhand Geschmaach,
Vun allerhand Geschmaach,
Do war och Häerz wat wëlls de,
Do war och Häerz, wat wëlls de,
'T krut gidweree seng Saach.
’t krut giddweree seng Saach.

{{pline|53|l}}De Bier an d’Wëllef souzen

Dem Kinnek un der Säit;
De Bier an d'Wëllef souzen
Dat huet di dräi geschmeechelt,
Dem Kinnek un der Säit:
Dat huet déi dräi geschmeechelt,
Mä ’t huet den Dachs gehäit.

{{pline|57|l}}Zum Leste gouf och Musek,
Mä 't huet den Dachs gehäit.
Dat goung nu fäin an d’Rei;

Um Picc’lo spillt de Léiweck,
Zum leschte gouf och Musek,
An d’Grasmësch op der Gei.
Dat goung nu fein an d'Rei:

{{pline|61|l}}Om Waldhuer spillen d’Märlen,
Um Pik'lo spillt de Léiweck,
An d’Nuechtegailchen d’Flitt,
An d'Grasmësch op der Gei.
An no de Musekanten

Séngt Pillo nach e Lidd.
Om Waldhuer spillen d'Mäerlen,

{{pline|65|l}}’t goung alles frou a lëschteg,
An d'Nuechtegailchen d'Flitt,
Dräi Deeg laang goung et gutt;
An no de Musikanten
Du koum erbäi d’Kanéngchen,
Sengt Pillo nach e Lidd.

'T goung alles frou a lëschteg,
Dräi Deeg laang goung et gutt,
Du koum erbäi d'Kanéngchen,
Den Duckert, ouni Hutt.
Den Duckert, ouni Hutt.

{{pline|69|l}}Een Ouer léisst en hänken,

Een Ouer léisst en hänken,
Dat anert war erof:
Dat anert war erof:
O kënnt dir dach erdenken,
„O kënnt Dir dach erdenken“,
Sou sot en, Här, eng Strof!
Sou sot en, „Här, eng Strof!

{{pline|73|l}}O kuckt, wat huet de Reenert,

O kuckt, wat huet de Renert,
De Mierder, mer gedon!
De Mierder, mer gedon!
A wann ech net entlaf wir,
A wann ech net entlaf wier,
En hätt mech dout geschlon.
En hätt mech dout geschlon.

{{pline|77|l}}Ech goung haut laascht Malpaartes,

Ech goung haut laanscht Malpaartes,
Ech wollt zou Iech heihin,
Ech wollt zu iech heihin,
Do souz de Fuuss ze lauren;
Do souz de Fuuss ze lauren;
Ech hunn e wuel gesinn.
Ech hunn e wuel gesinn.

{{pline|81|l}}Ech mouch mech aus de Féissen,

Ech mouch mech aus de Féissen,
Ech duecht, en ass net gutt;
Ech duecht: En ass net gutt.
Du koum en duergesprongen
Du koum en duergesprongen
A schloug mech op den Hutt.
A schlouch mech op den Hutt.

{{pline|85|l}},Du Flantes kanns net gréissen!

Du weess dach, wien hei wunnt!‘
Du Flantes kanns net gréissen!
Du weess dach, wien hei wunnt!
Sou jaut en, an du huet en
Sou jaut en, an du huet en
Mech nach emol gedunnt.
Mech nach emol gedunnt.

{{pline|89|l}}Mir goung den Hutt an d’Aen.

Du huet en duergebass;
Mir goung den Hutt an d'Aen.
Zum Gléck, ech louss em d’Ouer,
Du huet en duergebass:
Soss war mäin Doud gewass.“
Zum Gléck, ech louss em d'Ouer,

{{pline|93|l}}D’Kanéngche wor kaum fierdeg,
Soss war mäin Doud gewass.
Du koum de Kueb gerannt.

E koumt a jaut am Fléien
D'Kanéngche wor kaum fäerdeg,
Du koum de Kueb gerannt
E koum a jaut am Fléien
A krasch als wi e Kand.
A krasch als wi e Kand.

{{pline|97|l}}„Här Kinnek! O meng Frächen,

De Reenert huet s’erbass!
Här Kinnek! O meng Frächen,
Här Kinnek, ’t war eng Hausfra,
De Renert huet s'erbass!
Här Kinnek, 't war eng Hausfra,
Wi néiren eng méi ass.
Wi néiren eng méi ass.

{{pline|101|l}}Wie fiddert mer meng Kanner,

Wie fiddert mer meng Kanner,
Wien hält mer déi nu warem?
Wien hält mer déi nu warem?
Se hunn nach guer keng Plommen,
Se hunn nach guer keng Plommen,
Mäi Gott and Här wi arem!
Mäi Gott and Här wi arem!

{{pline|105|l}}Mer ware Molber plécke

Fir déi op d’Weller Heed,
Mer ware Moolber plécke
Do louch de Reenert doudeg;
Fir si op d'Weller Heed,
Äis béiden deet et leed.
Do loug de Renert doudeg:

{{pline|109|l}}Meng Fräche sollt bal kräischen,
Äis beiden deet et leed.

Meng Fräche sollt bal kräischen,
Se kuckt em an de Mond;
Se kuckt em an de Mond;
Vläicht zéig en nach den Otem:
Vläicht zéich en nach den Otem;
Du schnaapt no hir den Hond.
Du schnaapt no hir den Hond.

{{pline|113|l}}Ech koum nach op e Beemchen;

Ech koum nach op e Bäämchen;
Wi hunn ech do gesiess!
Wi hunn ech do gesiess!
Här, viru mengen Aen
Här, viru mengen Aen
Huet Renert se gefriess!
Huet Reenert se gefriess!

{{pline|117|l}}De Kinnek steet vum Troun op,

De Kinnek steet vum Troun op,
Werft of säi Kinnekskleed;
Werft of säi Kinnekskleed;
En ass als wéi onsandels,
En ass als wi onsandels
A schwiert e greilecht Eed.
A schwiert e greilecht Eed.

{{pline|121|l}}„Dat soll de Reenert béissen!

E gëtt gehoolt, erschoss,
Dat soll de Renert béissen!
Gehaangen a verbrannt dann;
E gët geholt, erschoss,
Dat ass an ’t bleift beschloss!“
Gehaangen a verbrannt dann:

{{pline|125|l}}De Bier an och de Wollef,
Dat ass an 't bleift beschloss!
Déi laachten sech an d’Fäischt.

Mä d’Kinnegin gouf monkeg,
De Bier an och de Wollef
Se sot zum Éischten näischt.
Déi laachten sech an d'Fäischt.

{{pline|129|l}}Se sot derno: „Här Kinnek,
Mä d'Kinnegin gouf monkeg,
Dir leet Iech greilech uen,
Se sot zum éischten näischt.
Dir musst dach d’éischt och wëssen,

Wat Reenert seet dervuen.
Se sot derno: Här Kinnek,

{{pline|133|l}}En huet eng raich Familljen
Dir leet iech greilech uen,
Dir musst dach d'éischt och wëssen,
Wat Renert seet dervuen.

En huet eng raich Familjen,
A vill dervu si brav;
A vill dervu si brav;
Bedenkt, sou géije brécht een
Bedenkt, sou géilje brécht een
Um Knéi déi Saach net af.
Om Knéi di Saach net af.

{{pline|137|l}}Dat selwecht mengt de Réibock,

Dat selwecht mengt de Réibock,
De Wollef awer net;
De Wollef awer net;
Dee sot: Dir wäerd najch héiren,
Dee sot: „Dir wäert najch héiren,
Wat aus deem Näistert gët.
Wat aus deem Näistert gëtt.

{{pline|141|l}}Dir losst e léijen a bedréijen,

En triet d’Gesetz mat Féiss;
Dir losst e léijen a bedréijen,
En trëtt d'Gesetz mat Féiss;
Dir huelt en, losst e lofen,
Dir huelt en, losst e lofen,
Am Enn da gët Der béis.
Am Enn da gëtt Der béis.

{{pline|145|l}}Da fänkt een on ze dreeën

Da fänkt een oon ze dreën
An ’t micht een d’Faust am Sack;
’t ass schad drëm: ’t wier en Uermen,
An 't micht een d'Faust am Sack;
Deen hing schunns lank am Strack.
'T ass Schad drëm: 't wir en Uermen,

{{pline|149|l}}Äch hunn em ’t dack versprajchen,
Deen hing schuns lank am Strack.
Äch son et hei ojch najch;

Äch hoan em 't dack versprajchen,
Äch kann em ’t néck verkajchen,
Seng Fleet, se kritt ent Lajch.“
Äch son et hei ojch najch:

{{pline|153|l}}De Kinnek sot: „Se huet et;
Äch kann em 't néck verkajchen,
Där Kloe si genoch.
Seng Fleet, se kritt ent Lajch.
Den Doud verdéngt de Reenert

De Kinnek sot: Se huet et;
Deer Kloe si genoch.
Den Doud verdéngt de Renert
Duerch Muerden a Bedroch.
Duerch Muerden a Bedroch.

{{pline|157|l}}En huet mech frech beluën,

Mer Kug’l a Kap versprach
En huet mech frech beluen,
A Kräiz a Kraaft geschwuer mer –
Mer Kug'l a Kap versprach
A Kräiz a Kraaft geschwuer mer:
An deem verzeit ech nach!
An deem verzeit ech nach!

{{pline|161|l}}Bei Hand nun all Gewierer!

Bei Hand nun all Gewierer!
Nu geet de Sturem lass:
Nu geet de Sturem lass:
An Zait vu fënnef Degen
An Zait vu fënnef Deegen
Verbrenne mir sai Schlass.
Verbrenne mir sai Schlass.

{{pline|165|l}}An alles war zefridden;

Dem Grimpert deet et leed;
An alles war zefridden;
En zitt sech op eng Säit aus
Dem Grimpert deet er leed:
A schlabbert iwwer d’Heed.
En zitt sech op eng Saft aus

{{pline|169|l}}An op a fort duerch d’Bëscher
A schlabbert iwwer d'Heed.
Op d’Uewerschlënner zou;

An op a fort duerch d'Bëscher
Op d'Uewerschlënner zou:
De Fuuss musst alles wëssen,
De Fuuss musst alles wëssen,
Den Dächschen hat keng Rou.
Den Dächschen hat keng Rou.

{{pline|173|l}}E fonnt e bei zwou Dauwen

Do leien an der Rast,
E fond e bei zwou Dauwen
Do leien an der Rascht,
En hat sech déi gerëselt
En hat sech déi gerëselt
Vum Beemche mat dem Nascht.
Vum Beemche mat dem Nast.

{{pline|177|l}}„Ei, Nëwwéi“, sot de Fiisschen,

„Wat bréngt Dir dann nach ees?
Ei, Nëwéi, sot de Fiischen,
Der louft Iech aus dem Otem,
Wat bréngt dir dann nach ees?
Dir louft iech aus dem Otem,
Dir sidd an engem Schweess.“

{{pline|181|l}}„O Monnonk“, sot den Dächschen,
Dir sid an engem Schweess.
„’t ass alles ëmmesoss;

Dir gëtt verbrannt, gehaangen
O Monnonk, sot den Dächschen,
An hannendrop erschoss.“
'T ass alles ëmmesoss;

{{pline|185|l}}„Net méiglech“, sot de Reenert,
Dir gët verbrannt, gehaangen,
„Dat deet de Kinnek net.“
An hannendrop erschoss.
„Hien deet et“, sot de Grimpert,

„A wësst Dir, wat et gëtt?
Net méiglech, sot de Renert,

{{pline|189|l}}D’Arméi ass op de Been schunns,
Dat deet de Kinnek net.
Si stiermen hei Ier Buerg;
Hien deet et, sot de Grimpert,
A wësst dir, wat et gët?

D'Arméi ass op de Been nu,
Si stiirmen hei ier Buerg;
De Léiw ass net ze zëssen;
De Léiw ass net ze zëssen;
Dir wësst och wuel wuerduerch.
Dir wësst och wuel wuerduerch.

{{pline|193|l}}De Kueb, an dann d’Kanéngchen –

De Kueb, an dann d'Kanéngchen --
Wat hutt Der och geduecht?
Wat hutt Der och geduecht?
Dir hutt de Stréck iech selwer
Dir hutt de Stréck Iech selwer
Jo ëm den Hals geluegt.
Jo ëm den Hals geluecht.

{{pline|197|l}}Se hunn deen an den Hännen,

E gëtt och zougezunn;
Se hunn deen an den Hännen,
O Monnonk, Dir mai Léiwen,
E gët och zougezun:
Sou ass et: Dir sidd drun.“
O Monnonk, dir mai Léiwen,

{{pline|201|l}}„Mä Nëwwéi“, sot de Reenert,
Sou ass et: dir sid drun.
„Net méi als wi dat do?

Dat deet mir net e Päffchen;
Mä Nëwéi, sot de Renert,
Net méi als wi dat do?
Dat deet mir net e Päftchen;
Ech froen näischt derno.
Ech froen näischt derno.

{{pline|205|l}}Well muerje ginn ech mat Iech,

Well muerge ginn ech mat iech,
Se si mer vill ze domm;
Se si mer vill ze domm;
Wat kromm ass, kann ech riichten,
Wat kromm ass, kann ech riichten,
Wat riicht ass, man ech kromm.
Wat riicht ass, man ech kromm.

{{pline|209|l}}Nu kommt eran, da rout Der,

Nu kommt eran, da rout der,
Wat sti mer an der Sonn?
Wat sti mer an der Sonn?
Dann iesst der hei di Dauwen,
Dann iesst Der hei di Dauwen,
Se schmëlzen iech am Monn.
Se schmëlzen Iech am Monn.

{{pline|213|l}}Kuckt hei, dat ass en Iessen,

Se sinn dach sch’udderfett!
Kuckt hei, dat ass en Iessen,
Se sinn dach schludderfett!
Mer sproochen drop eng Stënnchen,
Mer sproochen drop eng Stënnchen,
Da lee mer äis an d'Bett.
Da lee’ mer äis an d’Bett.

{{pline|217|l}}Eis Fra, se daarf näischt wëssen,
Dir wësst jo wuel, gesitt,
Meng Fra ass zimmlech féngslech,
Wi d’Fraleit all, verstitt.“

</poem>
Eis Fra, se daarf näischt wëssen,
Dir wësst jo wuel, gesitt,
Meng Fra ass zimlech féngslech,
Wi d'Fraleit all, verstitt.</poem>

Latest revision as of 15:11, 23 June 2025

351756Reenert1872Michel Rodange

Siwente Gesank

1De Léiw louss d’Déier ruffen,
Di grouss als wéi di kleng;
Se koumen all mat Heefen
A keemol eent eleng.

5Zur Fiels am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d’Musikanten
An d’Sänger all di best.

9Vu Lëtzebreg, vun Dikrech,
Vu Wolz an Iechternach,
Vu Réimech, Gréiwemaacher,
Vu Miersch an Esch am Lach.

13Vu Béibreg och, vu Veianen,
An déi vun Ettelbréck;
Jee, wann ech s’all sollt nennen,
Da géif mäi Buch ze déck.

17An d’Baure vun dem Ëmkrees,
Se koumen all zu Haf,
An eng, di gunge séier,
Di aner si gelaf.

21Do war eng Meng vu Ledden,
Et koum ee kaum derduerch.
An ’t gouf gespillt, gesongen
Um Maart an op der Buerg.

25An owens gouf en Iessen,
Schéin Drénkspréch héiert een,
A munche war zum Lesten
Net sécher op de Been.

29Vill dausend faarweg Lampen
Hunn op der Buerg gebrannt,
Drop gouf e Freedefeier,
Näischt schéiner ass bekannt.

33Sou koumen hei och d’Déier
Fir d’Fest erbei zum Léiw
An ’t wier och net geroden,
Wann eent net komme géif.

37Se koumen op de Fliichten,
An ’t koumen der zu Fouss,
An déi net konnte kommen,
Déi schéckten hire Grouss.

41’t gesouch een d’Réi an d’Hierschen,
D’Wëllschwäin an d’Rär an d’Schnepp,
An d’Päerd an d’Schof an d’Ranner,
An d’Gäns mat groussen Träpp.

45Den Atter, d’Fëss an d’Wisel,
An d’Däreldéier och;
Den Hierz, dee koum gefluën,
De Goldschmadd koum gekroch.

49Zum Éischte gouf en Iessen
Vun allerhand Geschmaach,
Do war och Häerz, wat wëlls de,
’t krut giddweree seng Saach.

53De Bier an d’Wëllef souzen
Dem Kinnek un der Säit;
Dat huet di dräi geschmeechelt,
Mä ’t huet den Dachs gehäit.

57Zum Leste gouf och Musek,
Dat goung nu fäin an d’Rei;
Um Picc’lo spillt de Léiweck,
An d’Grasmësch op der Gei.

61Om Waldhuer spillen d’Märlen,
An d’Nuechtegailchen d’Flitt,
An no de Musekanten
Séngt Pillo nach e Lidd.

65’t goung alles frou a lëschteg,
Dräi Deeg laang goung et gutt;
Du koum erbäi d’Kanéngchen,
Den Duckert, ouni Hutt.

69Een Ouer léisst en hänken,
Dat anert war erof:
„O kënnt Dir dach erdenken“,
Sou sot en, „Här, eng Strof!

73O kuckt, wat huet de Reenert,
De Mierder, mer gedon!
A wann ech net entlaf wier,
En hätt mech dout geschlon.

77Ech goung haut laascht Malpaartes,
Ech wollt zou Iech heihin,
Do souz de Fuuss ze lauren;
Ech hunn e wuel gesinn.

81Ech mouch mech aus de Féissen,
Ech duecht, en ass net gutt;
Du koum en duergesprongen
A schlouch mech op den Hutt.

85,Du Flantes kanns net gréissen!
Du weess dach, wien hei wunnt!‘
Sou jaut en, an du huet en
Mech nach emol gedunnt.

89Mir goung den Hutt an d’Aen.
Du huet en duergebass;
Zum Gléck, ech louss em d’Ouer,
Soss war mäin Doud gewass.“

93D’Kanéngche wor kaum fierdeg,
Du koum de Kueb gerannt.
E koumt a jaut am Fléien
A krasch als wi e Kand.

97„Här Kinnek! O meng Frächen,
De Reenert huet s’erbass!
Här Kinnek, ’t war eng Hausfra,
Wi néiren eng méi ass.

101Wie fiddert mer meng Kanner,
Wien hält mer déi nu warem?
Se hunn nach guer keng Plommen,
Mäi Gott and Här wi arem!

105Mer ware Molber plécke
Fir déi op d’Weller Heed,
Do louch de Reenert doudeg;
Äis béiden deet et leed.

109Meng Fräche sollt bal kräischen,
Se kuckt em an de Mond;
Vläicht zéich en nach den Otem;
Du schnaapt no hir den Hond.

113Ech koum nach op e Beemchen;
Wi hunn ech do gesiess!
Här, viru mengen Aen
Huet Reenert se gefriess!“

117De Kinnek steet vum Troun op,
Werft of säi Kinnekskleed;
En ass als wi onsandels
A schwiert e greilecht Eed.

121„Dat soll de Reenert béissen!
E gëtt gehoolt, erschoss,
Gehaangen a verbrannt dann;
Dat ass an ’t bleift beschloss!“

125De Bier an och de Wollef,
Déi laachten sech an d’Fäischt.
Mä d’Kinnegin gouf monkeg,
Se sot zum Éischten näischt.

129Se sot derno: „Här Kinnek,
Dir leet Iech greilech uen,
Dir musst dach d’éischt och wëssen,
Wat Reenert seet dervuen.

133En huet eng raich Familljen
A vill dervu si brav;
Bedenkt, sou géilje brécht een
Om Knéi di Saach net af.“

137Dat selwecht mengt de Réibock,
De Wollef awer net;
Dee sot: „Dir wäert najch héiren,
Wat aus deem Näistert gëtt.

141Dir losst e léijen a bedréijen,
En triet d’Gesetz mat Féiss;
Dir huelt en, losst e lofen,
Am Enn da gëtt Der béis.

145Da fänkt een on ze dreeën
An ’t micht een d’Faust am Sack;
’t ass schad drëm: ’t wier en Uermen,
Deen hing schunns lank am Strack.

149Äch hunn em ’t dack versprajchen,
Äch son et hei ojch najch;
Äch kann em ’t néck verkajchen,
Seng Fleet, se kritt ent Lajch.“

153De Kinnek sot: „Se huet et;
Där Kloe si genoch.
Den Doud verdéngt de Reenert
Duerch Muerden a Bedroch.

157En huet mech frech beluën,
Mer Kug’l a Kap versprach
A Kräiz a Kraaft geschwuer mer –
An deem verzeit ech nach!

161Bei Hand nun all Gewierer!
Nu geet de Sturem lass:
An Zait vu fënnef Deegen
Verbrenne mir sai Schlass.“

165An alles war zefridden;
Dem Grimpert deet et leed;
En zitt sech op eng Säit aus
A schlabbert iwwer d’Heed.

169An op a fort duerch d’Bëscher
Op d’Uewerschlënner zou;
De Fuuss musst alles wëssen,
Den Dächschen hat keng Rou.

173E fonnt e bei zwou Dauwen
Do leien an der Rast,
En hat sech déi gerëselt
Vum Beemche mat dem Nast.

177„Ei, Nëwwéi“, sot de Fiisschen,
„Wat bréngt Dir dann nach ees?
Der louft Iech aus dem Otem,
Dir sidd an engem Schweess.“

181„O Monnonk“, sot den Dächschen,
„’t ass alles ëmmesoss;
Dir gëtt verbrannt, gehaangen
An hannendrop erschoss.“

185„Net méiglech“, sot de Reenert,
„Dat deet de Kinnek net.“
„Hien deet et“, sot de Grimpert,
„A wësst Dir, wat et gëtt?

189D’Arméi ass op de Been schunns,
Si stiermen hei Ier Buerg;
De Léiw ass net ze zëssen;
Dir wësst och wuel wuerduerch.

193De Kueb, an dann d’Kanéngchen –
Wat hutt Der och geduecht?
Dir hutt de Stréck Iech selwer
Jo ëm den Hals geluecht.

197Se hunn deen an den Hännen,
E gëtt och zougezunn;
O Monnonk, Dir mai Léiwen,
Sou ass et: Dir sidd drun.“

201„Mä Nëwwéi“, sot de Reenert,
„Net méi als wi dat do?
Dat deet mir net e Päffchen;
Ech froen näischt derno.

205Well muerje ginn ech mat Iech,
Se si mer vill ze domm;
Wat kromm ass, kann ech riichten,
Wat riicht ass, man ech kromm.

209Nu kommt eran, da rout Der,
Wat sti mer an der Sonn?
Dann iesst Der hei di Dauwen,
Se schmëlzen Iech am Monn.

213Kuckt hei, dat ass en Iessen,
Se sinn dach sch’udderfett!
Mer sproochen drop eng Stënnchen,
Da lee’ mer äis an d’Bett.

217Eis Fra, se daarf näischt wëssen,
Dir wësst jo wuel, gesitt,
Meng Fra ass zimmlech féngslech,
Wi d’Fraleit all, verstitt.“